Ketterthill

21

Rendez-nous visite sur le stand 21.

Voir sur le plan

Als privilegiéierte Gesondheetspartner fir medezinesch Analysen zu Lëtzebuerg huet Ketterthill sech d’Missioun ginn, eng ëmfaassend Betreiung vun de Patienten unzebidden, vun der „Routine“ Opnam bis hin zu de spezialiséiertsten Analysen.


Eist Netz verbënnt Expertise a Proximitéit mat 300 Mataarbechter an eisen 100 Zenteren am ganze Land verdeelt. Am Alldag engagéieren eis Dokteren a pharmazeutesche Biologen sech, fir d'Patienten an d’Gesondheetsprofessionneller wärend hirem Betreiungswee ze begleeden an ze beroden. Als Member vum Grupp Cerba HealthCare baséiert Ketterthill op iwwer 70 Joer professioneller Expertise, fir eise Patienten, Verschreiwer a Partner e Qualitéit Service unzebidden.


Sidd Dir op der Sich no enger neier Carrière Méiglechkeet?


Mir rekrutéiere reegelméisseg nei Talenter, déi Loscht hunn, eis an eiser Entwécklung ze ënnerstëtzen a verschidde berufflech Erausfuerderungen unzegoen.