GovJobs
41
Rendez-nous visite sur le stand 41.
Är Talenter am Déngscht vum Bierger!
Als Rekrutementskanal vun der Fonction publique zu Lëtzebuerg huet GovJobs eng Missioun: Talenter entdecken.
Vum Enseignant iwwer den Informatiker bis hin zum Handwierker: D‘Fonction publique bitt eng grouss Vilfalt vu Beruffer, déi sech stänneg weiderentwéckelen, fir de Besoine vun der Gesellschaft beschtméiglech gerecht ze ginn.
E Bäitrag zur Entwécklung vum Land ze leeschten, dat ass eng eenzegaarteg Aufgab! An de Ministèren a Verwaltunge vum Staat kënnt och Dir Ären Deel dozou bäidroen.
Dir wëllt méi iwwer d’Aarbecht an d’Beruffer beim Staat gewuer ginn?
Da kommt laanscht op eise Stand!