Ecole Nationale pour Adultes (ENAD)

02

Rendez-nous visite sur le stand 02.

Voir sur le plan

Jidderee ka léieren. Jidderee ka säi Wëssen entwéckelen oder aktualiséieren, fir besser op seng perséinlech Ziler oder op d'Bedierfnesser vum Aarbechtsmaart agoen ze kënnen. Och wann een d’Schoul ofgebrach huet oder net deen Diplom krut, deen een am Fong wollt, dann ass dat kee Grond fir opzeginn.


D’ENAD baséiert op engem innovative pädagogesche Konzept an ass en integralen Deel vum ëffentleche Schoulsystem. D’ENAD adresséiert sech u jiddereen, deen net méi schoulpflichteg ass. D’Apprenant-e kënnen hire Schoulparcours vu 5e un erëm ufänken, sech an enger vun de Beruffsausbildunge vun der ENAD aschreiwen, an der Formatioun vum Educateur en alternance oder am DAES (Diplôme d’accès aux études supérieures), engem Diplom, mat deem d’Diere fir Héichschoul- oder Unisstudien opsti genau wéi mam reguläre Premièresdiplom.