Chambre des Métiers Luxembourg
42
Rendez-nous visite sur le stand 42.
D'Handwierkskummer regroupéiert all Betriber aus dem Handwierk, nämlech déi aus dem Liewensmëttelsecteur, dem Moude-, Gesondheets-, Hygiènessecteur, dem Mechaniksecteur, dem secteur vum Bauwiesen - Groussbau - Parachèvement, dem Secteur vum Bauwiesen - technesch Ausrüstung, dem Kommunikatiouns-, Multimedia-, Konscht- an aner Aktivitéiten, dat heescht 7.303 Betriber déi 91.563 Persoune beschäftegen.
Zënter jeehier ass de Handwierkssecteur staark an der Beruffsbildung engagéiert. D'Rekrutéierung an d'Ausbildung vun den Apprentien, d'Qualifikatioun vun den zukünftege Cheffe vun den Entreprisen an Ausbilder vun den Apprentien an d'Weiderbildung vun de Cheffen an hire Mataarbechter droen zur Image vun engem dynamesche, arbechtsplazschafenden a sozial verantwortleche Secteur bäi.
Wëllt Dir eng Léier maachen? Denkt Dir drun, en Apprenti anzestellen? Sidd Dir interesséiert um Meeschterbréif? Wëllt Dir Informatiounen iwwer d'Hëllefen am Beräich vun der Formatioun? Den Departement Formatioun leet Iech bei Ärem Projet.