CFL - Societe Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois

16

Rendez-nous visite sur le stand 16.

Voir sur le plan

D’CFL, dat si méi wéi 5000 motivéiert a passionéiert Leit, déi zesummen dru schaffen, d’Land op déi beschte Manéier ze beweegen!
All Joer huele mir méi wéi 300 nei Mataarbechter op, aus allen Ausbildungsniveauen, mat oder ouni Erfarung: vum DAP bis zum Master, d’Méiglechkeete sinn immens VILLSÄITEG!

Mir recrutéiere jonk Diploméierter a ganz verschiddenen Domänen: Mechanik, Elektresch, Mechatronik, Bauingenieurswiesen, Kommunikatioun, Finanzen, Informatik, Personal an nach villes méi.

Mir bidde Léierplazen un an de Beräicher Mechatronik, Mechatronik an der Réfrigératiounstechnologie, Elektrotechnik a Logistik.

Mir huele jonk Leit aus de Lycéeën an Héichschoulen op, fir eis mat Vakanzenjobs oder Studentekontrakter de Weekend ze ënnerstëtzen.

All wichteg Informatiounen, wéi Eventer, oppe Posten a Beschreiwunge vun de Beruffer, fënns du op eisem Karriär-Site www.jobscfl.lu. Du kanns eis och op de soziale Medien (@jobscfl) fannen.